
Et gouf 38 Fäll, bei deenen eppes net gestëmmt huet. Elleng zu Stengefort hunn op enger Privatparty 15 Leit missen an d'Täsch gräifen, well se d'Hygiènes-Mesuren net respektéiert haten. Op der Stater Gare gouf e Mann protokolléiert, well hie sech geweigert huet, eng Mask unzedoen.
Derbäi komme 4 Bistroen oder Restauranten, déi sech net un d'Ouvertureszäite gehalen hunn, respektiv well hir Gäscht keng Masken unhaten, wéi si net un den Dëscher souzen.
