
Dëse gouf elaboréiert vun der "Division de la pharmacie et des médicaments de la Direction de la Santé" an Zesummenaarbecht mam "Centre Régional de Pharmacovigilance de Nancy". Heibäi ass et wichteg z'ënnersträichen, dass d'Niewewierkunge festgestallt goufen, nodeems eng Persoun vaccinéiert gouf. Dëst heescht allerdéngs net automatesch, dass d'Niewewierkungen duerch d'Impfung ausgeléist goufen oder an engem Zesummenhang mam Vaccin stinn.
Stand 11. Juni goufen zu Lëtzebuerg 423.148 Impfdosissen administréiert. 263.375 Persoune goufen op d'mannst 1 Mol geimpft. 284.080 Injektioune waren et vum Konzern Biontech/Pfizer, 38.117 vu Moderna, 84.309 vun AstraZeneca a 16.642 vun Janssen (Johnson&Johnson).

Zanter dem Ufank vun der Impfcampagne goufen 1.444 méiglech Niewewierkunge registréiert. Dat entsprécht 0,34% vun allen administréierten Dosissen. Zanter dem 1. Januar 2021 sinn dës bei 1.022 Fraen a bei 422 Männer opgetrueden.

Virun allem d'Alterskategorien 16-24 a 25-49 Joer waren dovu betraff.

1.204 Niewewierkunge goufen iwwerdeems als "net grav" agestuuft. Dorënner grippenänlech Symptomer oder Problemer mat der Verdauung. 240 Niewewierkunge goufen als "grav" (17%) klasséiert. 50 Persounen hunn zum Beispill missen hospitaliséiert ginn, 7 Doudesfäll goufe gemellt, woubäi awer nach emol ze betoune bleift, dass net bewisen ass, dass déi un de Suitte vun der Impfung gestuerwe sinn.

Mat Bléck op déi verschidden Impfstoffer gouf am Rapport festgehalen, dass 1.236 méiglech Niewewierkungen no enger Impfung mat Comirnaty opgetruede sinn. De Vaccin vu Biontech/Pfizer koum allerdéngs och am meeschten an den Asaz; nämlech bei 67% vun allen administréierten Dosissen zu Lëtzebuerg. Wëll soen, dass bei 4 vun 1.000 Injektiounen Niewewierkungen deklaréiert goufen. 872 bei Fraen an 364 bei Männer.
Beim Impfstoff vu Moderna, deen 9% vun allen administréierten Impfdosisse representéiert, goufen et 45 Deklaratiounen, also bei enger vun 1.000 Injektiounen. A puncto Vaxzevria (AstraZeneca) gouf festgestallt, dass et bei 2 vun 1.000 Injektiounen zu méiglechen Niewewierkunge komm ass. 157 Deklaratioune waren et hei. Beim Janssen-Vaccin (Johnson&Johnson) goufe 6 Mol Niewewierkunge gemellt zanter dem Ufank vun den Impfungen, also bei 0,4 vun 1.000 Injektiounen.