Zu LëtzebuergAm Joer ginn et iwwer 800 Schwéiertransporter

RTL Lëtzebuerg
D'Police de la Route vu Bartreng huet fir d'Begleedung eng Spezialunitéit an d'Liewe geruff.
Am Joer ginn et iwwer 800 Schwéiertransporter
D'Police de la Route vu Bartreng huet fir d'Begleedung eng Spezialunitéit an d'Liewe geruff.

D'Police de la Route këmmert sech dorëm, dass d'Stroosse gespaart sinn an den Transport séier an ouni Problemer duerch d'Land fuere kann. De Max Hesse war fir eis bei esou engem Transport mat dobäi.

Iwwer 60 Tonne schwéier a knapps 18 Meter laang, dat sinn d'Dimensioune vum Schwéiertransport, deen den Yves Seiwert mat senger Ekipp vun der Police de la Route wäert begleeden. Si sinn nämlech dofir verantwortlech, dass déi gigantesch Traffosanlag sécher vun der SEO zu Veianen bis op Péiteng kënnt.

Esou eng schwéier Charge muss ëmmer richteg geséchert sinn. Wann et nämlech déi enk Stroossen a géi Bierger am Éislek eropgeet, dierf näischt verrutschen. Eréischt wann alles dat kontrolléiert an iwwerpréift ass, dierf de Camion op eng ëffentlech Strooss, do ass d'Gesetz ganz streng.

Wann de Camion an de Chauffer fäerdeg iwwerpréift sinn, gëtt zesumme mam Transporteur gekuckt, ob d’Chaufferen de geneeë Wee bis op Péiteng kennen. Kuerz drop maachen 3 Policepatrullen sech op de Wee, fir d’Stroosse fir de Convoi ze raumen. De Camion ass esou breet, dass kee Géigeverkéier op deenen enke Stroossen dierf sinn. Dowéinst mussen och eng Rëtsch Stroosse carrement gespaart ginn.

Nodeems de Convoi vun deene Stroossen erof ass, kënnen d’Camione Gas ginn. Mat iwwer 60 Kilometer an der Stonn geet et elo d'3-Bunn erof, ier et op d'A7 Direktioun Stad geet.

De gréisste Problem sinn awer net déi enk Stroossen, mä virun allem d’Leit, déi ëmmer nach probéieren, de Convoi ze iwwerhuelen oder sech dotëscht ze drécken. Kuerz ier et dann op d’Autobunn geet, gëtt et nach eemol enk. Hei ass Millimeteraarbecht gefrot. Tëscht de Luuchtepottoen an der Charge vum Unhänger si just nach e puer Millimeter Plaz. Dono geet et ouni gréisser Problemer bis erof op d’Eecher Plaz an der Stad.

Mä och dat huet relativ problemlos geklappt. Dat läit virun allem dorun, well eng Oplo fir esou en Transport dat minutiéist Plange vum Wee ass. Jiddereen, deen de Convoi begleet, huet eng spezifesch Aufgab.

No iwwer 2 Stonnen huet de Convoi et duerch d’Stad gepackt. Dono rullt en iwwert d'Nationale 5 bis op d'belsch Grenz, wou déi belsch Police de Suivi iwwerhëlt.

Back to Top
CIM LOGO