
Nodeem ewell 2018 d'Alterslimitatioun op 29 Joer gehéicht gi war, sollen am Laf vun den nächste Méint bal all Verhütungs-Methoden vun der CNS komplett rembourséiert ginn. Dozou gehéieren nieft der Pëll, dem Rank, Patchen, Diaphragmen, Spiralen an och d'Pëll fir dono fir Fraen och Kondomer fir Männer.
Et gëllen keng Alterslimitatioune méi an dës Contraceptiounsmethoden ginn zu 100% zréckbezuelt.
Zu de Remboursementer zielt och d'medezinesch Interventioun, fir zum Beispill eng Spiral anzesetzen. Dofir muss awer nach d'Nomenclature adaptéiert ginn. Dat ass am Hierscht de Fall.
Wéi eng Käschten dës nei Prise en charge vum Contraceptiounsprogramm wäert mat sech bréngen, ass net ofzegesinn seet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Parteikolleeg Mars Di Bartolomeo.
D'Käschten deele sech d'CNS an de Staatsbudget.
An der Moyenne kruten d'Fraen, déi zanter dem Lancement vum Contraceptiounsprogramm 2012 vun de Remboursementer profitéiert hunn, eng 60 Euro op de Kapp zréck. Zejoert eleng hunn eng ronn 25.000 jonk Fraen ënner 29 Joer Remboursementer fir eng vun de Contraceptiounsmethoden ugefrot.