
Wéi d'Police schreift, waren d'Fra an de Mann am Taxi alkoholiséiert, wéi si kuerz no 1 Auer an der Nuecht op e Mëttwoch zu Esch vun der Police kontrolléiert goufen. De Mann wier ëmmer méi aggressiv ginn. Well hien duerno och nach refuséiert huet erauszeklammen, krut hien Handschellen un. Doropshin ass de Beamten eng Kokainkugel opgefall, déi op senger Sëtzplaz louch.
D'Koppel gouf mat op de Policebüro geholl, woubäi d'Fra nees konnt goen, nodeems hir Personalien kontrolléiert gi waren. De Mann war iwwerdeems illegal hei am Land, déi néideg Instanze goufen informéiert. En Openthaltsverbuet fir de Grand-Duché gouf ausgestallt.
Well de Mann därmoosse staark alkoholiséiert war, koum hien an Arrest.
Weider mellt d'Police en Drogeverkeefer, deen en Dënschdeg de Moie konnt am Garer Quartier op frëscher Dot gepëtzt ginn. D'Beamten haten hien zesumme mat enge Konsument beobacht.
De Verdächtegen huet d'Droge séier an de Mond gestach an ënnergeschléckt. Op Uerder vum Parquet gouf duerno eng Ënnersichung mam Scanner gemaach. 10 Kokainbulle goufe sécher gestallt an och beim Konsument gouf eng Bull fonnt. Hie krut e Protokoll.
Den Drogendealer gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.
En Dënschdeg den Owend koum et géint 19.20 Auer an der Hollerecher Strooss zu engem Accident tëscht 2 Ween. Kengem ass eppes geschitt, ma ee vun de Chaufferen hat gedronk. Hie krut de Permis ewech geholl an e provisoresche Fuerverbuet.
Géint 4 Auer huet d'Police wärend enger Kontroll op der Héicht vu der Escher Gare ee Knuppert héieren. Ee Chauffer war an ee geparkten Auto gerannt. Hie gouf net blesséiert, hat awer ze vill gedronk. Den Alkoholtest war positiv an e provisoresche Fuerverbuet gouf ausgestallt.