
Géint Hallefnuecht gouf an der Areler Strooss an der Stad en Auto gestoppt, dee mat 80 amplaz mat 50 Stonnekilometer ënnerwee war. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt d'Automobilistin gedronk hat. Den Alkoholtest war positiv an de Permis gouf agezunn. Och de Won gouf sécher gestallt, well d'Pabeieren net an der Rei waren.
Kuerz no Hallefnuecht war ee weidere Chauffer zu Angelduerf an der Ettelbrécker Strooss ze séier gefuer. Och an dësem Fall war de Chauffer alkoholiséiert an den Auto gouf séchergestallt. No engem positiven Alkoholtest, krut de Mann de Fürerschäin ewechgeholl a krut nach op der Plaz e Fuerverbuet ausgeschwat.