
Et geet ëm de 26. Congésdag, deen d'Regierung gesetzlech verankert huet. Wann et der ABBL nogeet, solle Salariéen, déi iwwer 50 Joer hunn, net kënne vun deem neie Congésdag profitéieren, well si duerch hiren Alter scho vu méi Congé profitéieren.
Dat ass diskriminant, soten d'Vertrieder vun der Aleba en Dënschdeg de Mëtteg am Virfeld vun hirem Neijoerschpatt dee selwechten Owend. Esouguer, wa just eng Persoun am Bankesecteur concernéiert wier, géif een dat net esou wëllen acceptéieren. De Laurent Mertz, Generalsekretär vun der ALEBA: "Aujourd’hui du côté de l’association patronale ABBL il n’y a toujours pas eu la recommendation qu’on attendait, c’est-à-dire l’octroi du 26ième jour de congé à l’ensemble des salariés. Il a toujours une discrimination qui est faite sur base de l’âge, et pour nous c’est quelque chose qui est incceptable. Avec les syndicats nationaux on s’est concerté. Il y a des actions concrètes qui seront mises en place dans les semaines à venir."
Dofir géif een och eng Aktioun mat weidere Gewerkschaften envisagéieren. Wéi eng dat ass, wollten d'Vertrieder vun der gréisster Gewerkschaft am Secteur, de Laurent Mertz, Generalsekretär, an de President Roberto Mendolia nach net verroden. Wéi vill Persounen de supplementäre Congésdag refuséiert kréien, wéisst d'ALEBA net.
Déi Zuele kritt een net vun der ABBL, esou d'Aleba. 4 Employeuren hätten de weidere Congésdag iwwerholl, mä anerer eben net.
Nieft den Adaptatiounen am Kollektivvertrag am Bankesecteur, stinn dëst Joer Negociatioune vun dräi weidere Kollektivverträg un, déi op en Enn kommen. Dat sinn dee vun der Post, dee vun den Assurancen, an och dee vu Sixx.
De President vun der ALEBA, den Roberto Mendolia: "Au niveau des assurances, au niveau de Post (on cherche de se rapprocher des trois entités Post pour se rapprocher d’unve convention unique). Et la convention Sixx risque d’être dénoncée aussi, et devrait donc être négociée indépendamment"
De Mëtteg hunn de Laurent Mertz an de Roberto Mendolia och op d’Sozialwale vun zejoert zeréck gekuckt. Duerch d’Walen hätt ee weider kënne Memberen unzéien. E puer honnert Unitéiten, huet et geheescht. Elo léich ee bei 9.800 bis 9.900 Memberen déi am Bankesecteur schaffen.
41 Prozent vun den Delegéierten, déi d’lescht Joer gewielt goufen, géife kenger Gewerkschaft ugehéieren. Do fäerten d’Vertrieder vun der ALEBA, datt d’Rechter vun de Salariéen net genuch oder gutt genuch vertruede ginn, well eng staark Struktur hannendrun feelt. Op der anerer Säit géifen hei déi gesellschaftlech Tendenzen zeréck gespigelt ginn. D’Leit wëllen sech zwar engagéieren, mee dofir net un eng Gewerkschaft oder eng Zentral gebonne sinn.
