Wiessel un der SpëtztAlain Fontaine ass neie CEO vun Doctena

RTL Lëtzebuerg
Op den 1. September ersetzt de Co-Fondateur Alain Fontaine de Patrick Kersten als CEO vun der Online-Plattform Doctena.

D'Startup gouf 2013 vum Patrick Kersten, Alain Fontaine a Marc Molitor gegrënnt a gouf am Laf vun de leschte Joren ee vun den europäesche Leaderen am Domaine vun den Online-Rendezvousen, mat iwwer 1,5 Milliounen Doktesch-Rendezvousen, déi pro Mount geréiert ginn.

No 7 Joer wier et Zäit fir en neien Challenge unzegoen, sou de Patrick Kersten, deen awer Member am Verwaltungsrot vun Doctena bleift.

Back to Top
CIM LOGO