DéifferdengAggressiv Ausernanersetzung mat enger Motorsee bei engem Café

RTL Lëtzebuerg
E Mann, dee Sträit mat Leit op enger Terrasse vun engem Café hat, huet sech hei mat enger Motorsee Gehéier verschaaft.
Tëschefall Déifferdeng
Ausernanersetzung virun engem Café.

Wéi d'Police schreift, wier e Mann e Sonndeg géint 23.25 Auer op der Strooss ënnerwee gewiescht, dee mat enger Motorsee gefuchtelt hätt. Hien huet Clienten, déi op der Terrasse vun engem Café op der Kräizung Avenue de la Liberté a Rue du Rail souzen, aggresséiert a wier dono nees a seng Wunneng gaangen. De Mann huet bei senger Aktioun eng Palissad aus Holz beschiedegt, Leit goufen awer net blesséiert.

Wéi d'Beamten de Mann zur Ried gestallt hunn, huet dëse souwuel d'Motorsee, wéi och e puer Messer, de Polizisten ausgehännegt. Op Uerder vum Parquet goufen dës saiséiert an de Mann gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO