
Domat soll d'Justiz nees an d'Situatioun zréckkommen, wéi se virum Ausléise vum Noutstand war. Deemno soll an noer Zukunft, op Wonsch hi vun Affekoten, déi am Strofrecht doheem sinn, virun de Chambres du Conseilen den Akzent nees méi op der Geschwate geluecht gi wéi op dat Geschriwwent. Heiriwwer ass d'Justiz awer alles anescht wéi begeeschtert, dat geet aus engem Dokument ervir, dat eis virläit.
Haut virun enger Woch hat d'Procureure générale d'État Martine Solovieff der Justizministesch Sam Tanson d'Avise vum Dikrecher Geriicht, vun de Parquete Stad an Dikrech a vum Parquet général aus der Stad zoukomme gelooss. Dës Avisen zum Gesetzprojet 7626 sinn zum Deel ganz kritesch. Sou freet d'Presidentin vum Dikrecher Geriicht den 10. Juli, ob et, wann ee sech d'Zuele vun Neiinfektiounen an d'Angscht virun enger zweeter Well virun Aen hält, wierklech ubruecht ass, d'Procédure orale direkt nees anzeféieren. D'Brigitte Konz stellt och d'Fro, wou op eemol déi Angscht hierkéim, dass d'Droits de la défense an der geschriwwener Prozedur violéiert wären. Consideratioune vun deem Recht vun der Verdeedegung dierften net méi Gewiicht hu wéi därer vun der Santé publique. D'Neesaféiere vun der geschwater Prozedur wär "incompréhensible en ce moment". D'Procédure écrite sollt bis d'Enn vum Joer bäibehale ginn, dono kéint een nees zréck bei déi normal Prozedur, wann d'sanitär Situatioun et erlaabt. Eng ëffentlech Sëtzung mat ville Leit wär "inconcevable pour des raisons sanitaires évidentes". Den Ofstand vun zwee Meter kéint am klenge Sall vun der Dikrecher Chambre du Conseil net ëmmer respektéiert oder garantéiert ginn. Dofir schléit d'Presidentin vum Dikrecher Geriicht zum Beispill Visiokonferenze vir.
Och fir de Procureur d'État aus der Stad sinn d'Droits de la défense duerch déi aktuell Prozedur net ugegraff an och de Georges Oswald notéiert den 10. Juli, dass d'Säll fir d'Chambre du Conseil an der Haaptstad net de sanitären Ufuerderungen entspriechen. Sollt d'Situatioun méi schlëmm ginn, gëtt dann nees zréckgeruddert, freet de Procureur d'État aus der Stad. Säin Homolog vun Dikrech Ernest Nilles fënnt de 14. Juli, d'Procédure orale misst limitéiert a vläicht méi Wäert op Visiokonferenze geluecht ginn.
An de Premier Avocat général vum Parquet général schwätzt den 13. Juli vun enger "décision d'ordre politique". De Marc Harpes seet sech erstaunt, dass en Text, dee knapps a Kraaft getrueden ass, scho soll ofgeännert ginn. D'Procédure écrite, ouni dass d'Parteie virstelleg ginn, wär eng aussergewéinlech an eng Iwwergangsmesure an hätt sech bewäert, schreift de Premier Avocat général vum Parquet général, fir mat der Fro ze schléissen: "Pourquoi la supprimer maintenant alors que l'objectif d'endiguer la pandémie n'est pas atteint?"
De Groupement des Magistrats stellt sech sengersäits d'Fro no der Opportunitéit vum Projet de loi, vu déi rezent Decisioune vun der Regierung, wat nei Restriktiounen ugeet. Debate viru Chambres de Conseile géifen e considerabelt Zouhuele vun de Kontakter bedeiten. D'Procédure orale grad um Ufank vun enger zweeter Well nees anzeféieren, géif jiddereen net justifiéierten Ustiechungsgeforen aussetzen. Um Enn vum Schreiwes geet dann och vun den, „inquiétudes les plus vives“ vum Groupement des Magistrats Rieds.
RTL-News: Fir Affekoten inacceptabel - "Non-comparution": neit Gesetz gëtt erëm geännert