6. Prozessdag fir Promoteur Flavio BeccaAffekot vum Beschëllegten: Blanchiment-Reprochë waren zu kengem Ament ubruecht

Tim Morizet
Mat der Replik vun der Defense vum Promoteur Flavio Becca goung de sougenannten Auereprozess en Donneschdeg op en Enn.
© Tim Morizet

Säi Client, esou de Me Temime, géif net dem Bild entspriechen, dat de Parquet iwwert déi lescht Woche probéiert hätt, vum Flavio Becca ze zeechnen. Hien hätt keng perséinlech Interête bei den Investissementer vu virun 10 Joer gehat. Säi Client hätt sech a seng Entreprisë fir d'Creanciere consacréiert, esou nach de franséische Star-Affekot.

D'Geldwäscherei-Reprochë wieren zu kengem Ament ubruecht gewiescht.

E Mëttwoch hat de Parquet eng Strof vun dräi an en halleft Joer Prisong, eng Geldstrof vun 250.000 Euro an d'Confiscatioun vun 324 Auere fir de Promoteur a Sportinvestisseuer gefuerdert.

De Flavio Becca kritt d'Verontreie vu Firmegelder a Blanchiment reprochéiert. Hien hat bis virun 10 Joer knapp 850 Luxus-Aueren am Wäert vu ronn 18 Milliounen Euro kaf. An dat tëscht 2004 an 2011. De Gros iwwer 18 Entreprisë vum Flavio Becca. D'Aueren hätten awer näischt mam Objektiv vun de Societéiten ze dinn, esou de Reproche vum Parquet.

D'Urteel gëtt de 4. Mäerz gesprach. Duerno hunn den Ugekloten a seng Affekote 40 Deeg Zäit, fir an Appell ze goen.

Geriicht Flavio Becca / Reportage Tim Morizet

1. Prozessdag fir Promoteur Flavio Becca: Reproche vun Abus de biens sociaux an dem Verontreie vu Firmegelder
2. Prozessdag fir Promoteur Flavio Becca: 37 Luxus-Auere méi kaf wéi ugangs ugeholl
3. Prozessdag fir Promoteur Flavio Becca: Auere goufen als Investissement kaf, esou de Flavio Becca
4. Prozessdag fir Promoteur Flavio Becca: Affekot vum Beschëllegte freet de Fräisproch am "Auereprozess"
5. Prozessdag fir Promoteur Flavio Becca: De Parquet freet 3 an en halleft Joer Prisong an eng Geldstrof vun 250.000€

Back to Top
CIM LOGO