FrontalierenAccord mat der Belsch fonnt, wat den Home-Office ugeet

RTL Lëtzebuerg
Frontalieren aus der Belsch, déi hei zu Lëtzebuerg schaffen, däerfen dat bis zum Enn vum Joer weiderhin aus dem Home-Office maachen.

Doriwwer hu sech déi belsch an déi lëtzebuergesch Regierung eens gesat, heescht et an engem Communiqué aus dem Finanzministère vun e Méindeg den Owend. Et ass eng Ausname-Reegelung, déi domadder verlängert gouf, an déi steierlech Froe kläert. D’Belsch däerfen ebe vun doheem aus fir hire lëtzebuergesche Patron schaffen, ouni do musse Steieren ze bezuelen. An Net-Corona-Zäiten wär dat u sech just 24 Deeg laang méiglech.

Ëmmerhin eng 50.000 belsch Frontaliere kéinten deemno dervu profitéieren.

En änlechen Accord ass mat Däitschland souwisou a Kraaft, a mat de Fransousen wier een nach a Verhandlungen.

Den OGBL fuerdert dann och an engem Communiqué, dass all d'Frontaliere sou séier wéi méiglech misste rassuréiert ginn.

PDF: Schreiwes vum OGBL

Back to Top
CIM LOGO