Am LokalenAccident zu Féiz, Feier um Colmer-Bierg

RTL Lëtzebuerg
Béid Tëschefäll goufen tëscht 19.15 an 19.30 Auer um Méindeg den Owend gemellt.
© Klautjen

Am Lokalen kruten sech e Méindeg den Owend géint 19.15 Auer zu Féiz zwee Ween ze paken. Dobäi goufen 3 Leit dem Bulletin vum CGDIS no blesséiert.

Géint 19.30 Auer huet et dann um Colmer-Bierg och an engem Haus gedämpt. D’Pompjeeën aus 6 Asazzentren, vu Biissen, Colmer, Dikrech, Ettelbréck, Noumer a Schieren waren am Asaz, et blouf beim Materialschued.

© Klautjen

Back to Top
CIM LOGO