Zu ManternachSchwéierblesséierten no Accident tëscht Auto an Trakter, Air Rescue op der Plaz

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg am Nomëtteg koum et zu Manternach zu engem Accident. Dobäi war den Helikopter vun der Air Rescue am Asaz.
D'Sirdallstrooss zu Manternach war gespaart.
D'Sirdallstrooss zu Manternach war gespaart.
© Luca Ciancanelli

Am Laf vum Dënschdegnomëtteg ass et zu Manternach an der Sirdallstrooss zu engem Accident komm. En Auto an en Trakter hate sech ze pake kritt.

Well ënnert anerem den Helikopter vun der Air Rescue am Asaz war, ass d'Strooss gespaart ginn. E Mëttwoch de Moien ass dann am CGDIS-Bulletin ze liesen, datt de Chauffer vum Auto, deen op der Kopp louch, schwéier blesséiert gouf an aus dem Gefier huet missen erausgeschnidde ginn. Nieft der Air Rescue waren och d'Secouriste vu Mäertert, Manternach a Gréiwemaacher-Mäertert am Asaz.

D'Air Rescue war op d'Plaz geruff ginn.
D'Air Rescue war op d'Plaz geruff ginn.
© Luca Ciancanelli

Back to Top
CIM LOGO