DiddelengAccident no Flucht virun der Police

RTL Lëtzebuerg
Eng Police-Patrull hat engem Automobilist d'Zeeche ginn, de Beamten hannendrun ze fueren.

Op eemol huet de Fuerer vum Won allerdéngs Gas ginn an ass geflücht. De Chauffer ass esou séier gefuer, datt d'Police de Won aus den Ae verluer huet.

Kuerz drop huet d'Police den Auto dunn an der Rue Jean Jaures fonnt, de Won war hei accidentéiert.

2 Persoune waren zu Fouss geflücht, eng drëtt Persoun ass ronderëm den Auto getrëppelt an eng weider Persoun war am Won gefaangen, well d'Dier net méi opgaangen ass.

D'Persoune konnten alleguerten identifizéiert ginn. Et waren Alkohol an Drogen am Spill.

Back to Top
CIM LOGO