BeetebuergAbriecher iwwerrascht Bewunnerin, schléit si op de Kapp a flücht

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend géint 23 Auer ass zu Beetebuerg an der Rue Valerie Strecker-Steffen en Onbekannten an en Haus agebrach.

D'Besëtzerin vum Haus huet am Keller eng onbekannt Persoun gesinn. Do krut si e Schlag op de Kapp an den Abriecher ass geflücht. D'Fra huet direkt d'Police geruff an huet spéider am Spidol misse behandelt ginn.

Géint 18.50 Auer e Freideg gouf dann och zu Meespelt an de Rue de Kehlen an en Haus agebrach. D'Abriecher waren op de Balcon geklommen an haten do eng Fënster ageschloen. D'Nopesch hat d'Police alarméiert.

E weideren Abroch gouf et e Freideg tëscht moies 7.40 Auer an owes 22.40 Auer zu Mutfert an der Route de Remich.

Back to Top
CIM LOGO