Am LokalenAbriecher ënnerwee a Chaufferen negativ opgefall

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police schreift, waren dëse Weekend Brigangen um Wierk. Och eng Rei Chaufferen sinn negativ opgefall.
© RTL Archivbild

E Samschdeg den Owend an an der Nuecht waren nees Abriecher ënnerwee. Dat ënner anerem an der Rue Dicks zu Réimech, an der Route du Vin zu Stadbriedemes an an der Kriibsebaach zu Eppelduerf. Et goufen ënner anerem Suen a Bijoue geklaut.

Da sinn nach eng Rei Chauffeuren negativ opgefall. Zu Miersch an zweemol an der Stad haten Automobilisten ze déif an d'Glas gekuckt. 3 Permise goufen agezunn.

Back to Top
CIM LOGO