
Zu Nidderkuer an der rue J.-B- Scharlé sinn d'Täter via eng Fënster op der Récksäit vum Haus agebrach. Et gesäit esou aus, wéi wa se op den Daach vun der Veranda geklomme wieren, fir bei d'Fënster ze kommen. Si hunn d'Fënster opgebrach a sinn esou an d'Haus erakomm. Et goufen eng Partie Schief duerchwullt.
Um Houwald da sinn d'Abriecher géint 21 Auer an der route de Thionville aktiv ginn. Si hunn d'Aganksdier vun engem Appartementshaus ausgehiewelt an hunn d'Dier vun enger Wunneng opgebrach. Op den éischte Bléck goufen hei Bijoue geklaut.