PoliceAbréch an de leschte Stonnen, ënner anerem an eng Bijouterie

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et vun e Mëttwoch op en Donneschdeg zu e puer Abréch am Land. Zu Huldang gouf eng Bijouterie geplëmmt.
© RTL Archivbild

Kuerz no Mëtternuecht sinn onbekannten Täter zu Huldang an eng Bijouterie an engem Akafszenter agebrach an hunn do verschidde Bijoue matgoe gelooss.

Zu Bartreng, Esch/Uelzecht, Ollem an Eschduerf sinn Onbekannter tëscht der Mëttesstonn an Nomëtteg a Wunnengen agebrach an hunn do Wäertgéigestänn geklaut.

Zu Esch an zu Suessem gouf an den Owesstonnen a geparkten Autoen agebrach.

Wéi d'Police präziséiert, war d'Spuresécherung op de jeeweilege Plazen. D'Enquête lafen.

Back to Top
CIM LOGO