SEW an Apess: Mir soe Stopp!"Abanne vun Ufank un a keng Konfrontatioun mat fäerdegem Projet de loi"

Claudia Kollwelter
Op enger gemeinsamer Pressekonferenz hunn den SEW an d'Apess drop higewisen, datt Privatiséierungsgedanke sech an de Schoulen ëmmer méi staark ausbreeden.
© AFP (Archiv)

"Wa Reforme geplangt ginn, mussen déi am Virfeld mat allen Acteuren diskutéiert ginn. D'Gewerkschafte musse vun Ufank un aktiv agebonne ginn an dierfen net mat engem fäerdege Projet de loi confrontéiert ginn." Ënnert anerem déi Kritik gouf et en Dënschdeg de Moie vu Säite vum SEW an der Apess op enger gemeinsamer Pressekonferenz. De Jules Barthel vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft vum OGBL:

Extrait Jules Barthel

"Do wou mir als Gewerkschafte fréier schonn am Avant-projet de loi mat an d'Diskussiounen agebonne gi sinn, gi mer elo, wéi mer et mat de Gesetzestexter 7658 a 7662 gesinn hunn, praktesch dann eréischt informéiert, wann de Gesetzestext deposéiert ass. Et geet net duer, datt eng vun der CGFP total dominéiert Staatsbeamtechamber de Projet de loi ze gesi kritt a säin Avis kann ofginn. Op dës Manéier gi ganz vill Stëmme bausse vir gelooss."

En Dar am Aen sinn de Gewerkschaften déi sougenannt Public-Privat-Patnerships. Dës Kontrakter, déi de Staat mat privaten Entreprisë schléisst, géifen ëmmer méi an de Schoulen optauchen. D'Vera Dockendorf vum SEW:

Extrait Vera Dockendorf

"E Beispill dofir, wa mer elo d'Digitaliséierung kucken, ass de Kontrakt mat Apple a Microsoft. Do ass aus enger aktueller Question parlamentaire vum David Wagener vun déi Lénk erausgaangen, datt an de leschten 3 Joer iwwer 12 Milliounen ëffentlech Gelder un Apple a Microsoft gefloss sinn. Och an Zukunft klëmmt d'Digitalisatioun an d'Gelder wäerten un déi Konzerner goen an d'Schoul ass sou e lukrative Marché fir déi privat Entreprisë ginn. An déi hu keng primär pedagogesch Ziler fir eis Schüler, mee et ass e Marché, op deem Suen ze verdénge sinn."

Am Kader vun der internationaler Offer vun eise Schoule géife verschidde Schoulen hir Programmer an Exame bei privaten Entreprisë kafen a vun deene verbesseren a bewäerte loossen. De Staat hätt seng Responsabilitéit do komplett aus den Hänn an u privat Firme ginn. Donieft waren et d'Fuerderunge vu béide Gewerkschaften, datt d'Karriäre vun de Proffen erëm méi attraktiv ginn an datt d'Proffe-Comitéen an de Lycéeën erëm agefouert ginn. Iwwert de Bildungsdësch wier vill geschwat ginn, mee bis haut géif en awer nach net existéieren, huet et weider geheescht. Et bräicht een eng fundamental Diskussioun mat all den Acteuren iwwert d'zukünfteg Roll an d'Ausriichtung vun der ëffentlecher Schoul zu Lëtzebuerg.

RTL-Artikel: Keng Dialog-Bereetschaft an der Kris: D'Lompen tëscht Regierung a Staatsbeamtegewerkschaft sténken

Back to Top
CIM LOGO