Déidlechen AarbechtsaccidentAarbechter gëtt vu Stolträger erwëscht a stierft u schroe Blessuren

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass den tragesche Virfall en Donneschdeg de Moien um 11 Auer op engem Chantier an der Rue des Scillas um Houwald an der Gemeng Hesper.
CGDIS
CGDIS
© CGDIS

En 29 Joer ale Mann aus dem franséische Grenzgebitt ass bei Ofrappaarbechten un enger Hal vun engem Stolträger getraff ginn a gouf dobäi uerg blesséiert. Den Nout-Dokter a weider Rettungsekippe waren op der Plaz am Asaz. Kuerz nodeems de Mann an d'Spidol komm ass, ass hien u senge grave Blessure gestuerwen.

Säitens dem Parquet gouf de Miess- an Erkennungsdéngscht op d'Plaz geschéckt. Och d'ITM gouf informéiert a sech op d'Onglécksplaz gemaach.

Back to Top
CIM LOGO