10 Joer Statut UniqueAarbechter a Privatbeamten an enger Kranken- a Pensiounkeess

Jeannot Ries
Et war eng historesch Reform an de groussen Duerchbroch an der Fro vun der Gläichheet tëscht de Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen.
10 Joer Statut Unique: Et gëllt, sech weider unzepassen
Mam Statut Unique goufen d'Privatbeamten- an d'Aarbechterklassen ofgeschaaft. Si all goufen zu Salariéen.

De Grondstee fir de Statu Unique hat d'Tripartite vun 2006 geluecht. D'Iddi war u sech ganz einfach. Et gi keng Aarbechter oder Employéen méi, d'Leit am Privatsecteur kruten all de Statut vum Salarié an domadder all déi selwecht Rechter. Et war e schwierege Prozess mat komplizéierte Weeër, souwuel bei der Gesondheetskeess, bei der Pensiounskeess an der Mutualitéit.

Nieft der Stäerkung vum sozialen op nationalem Niveau, gouf et virun allem och en Dialog, deen an de Betriber an an den Institutioune gelaf ass. En Dialog, deen direkt verbessert ginn ass, sou der Sozialminister Romain Schneider.

Dëse Freideg gouf dowéinst de Bilan gezunn. 189.000 Pensioune ginn, um Stand vum November 2019, an 102 verschidde Länner bezuelt, seet de Fernand Lepage, President vun der Pensiounskeess. De Montant beleeft sech hei op iwwer 370 Milliounen Euro. Zanter dem Aféiere vum Statu Unique gi 46 Prozent méi Pensioune bezuelt.

D'Zäit bleift net stoen. Konstant heescht et sech unzepassen. Deen Defi huet d'Gesondheetskeess, wat déi nächst 6 Joer ubelaangt, virun Aen. 5 Prioritéite goufen festgehalen, woubäi eng d'Konzept grondleeënd verännere soll. Grad an der digitaler Welt wëll een am sensibelen Dossier vun der Krankheet op déi perséinlech Berodung setzen, seet de Christian Oberlé, President vun der CNS. Och wann den Internet an déi Offer wichteg wäert ginn, sinn et d'Leit an de Guicheten an um Telefon, déi den Ënnerscheet wäerte maachen.

D'Digitalisatioun ass e Prozess, dee méi Produktivitéit bréngt, awer och d'Finanzement vum ganze Sozialsystem iwwer déi nächst Joerzéngt, a Gefor brénge kann. Och Lëtzebuerg wäert missen ëmdenken.

Méi Produktivitéit heescht méi héich Léin. Ma méi Produktivitéit muss och e groussen Deel, e vill méi groussen Deel vum Sozialsystem, deen iwwer Steiere finanzéiert gëtt. Sou een extrem motivéierten, designéierten EU-Kommissär fir Aarbecht Nicolas Schmit, deen éischt Efforte vun der Kommissioun-Juncker, am Sënn vun engem méi sozialen Europa zu Bréissel weiderbrénge wëll.

Back to Top
CIM LOGO