Chamberkommissioun JustizA 5 Dublin-Fäll goufen d'Leit, trotz Uerteel, net zeréckgeschéckt

Pierre Jans
Et wiere fënnef Spezialfäll gewiescht, wou een d'Leit aus Gesondheets- oder Sécherheetsgrënn net transferéiert hätt, esou de Jean-Asselborn.
Iwwergeet de Minister d’Verwaltungsgeriicht?
Dëst Joer huet den Immigratiounsministère an 90 Fäll entscheet, Betraffener net nees fort ze schécken. Et géing hei haaptsächlech ëm Leit aus Eritrea.

Asselborn an der Justizkommissioun / Reportage Pierre Jans

No der Kritik vum President vum Verwaltungsgeriicht Marc Sünnen um Immigratiounsminister Mëtt Oktober, war de Jean Asselborn e Mëttwoch an der Chamberkommissioun fir d'Justiz. De Marc Sünnen hat sech schrëftlech doriwwer beschwéiert, dass de Jean Asselborn sech a verschiddene Fäll mat der sougenannter ''Souveränitéitsklausel'' iwwer d'Uerteeler vum Verwaltungsgeriicht ewechgesat hätt. Konkret geet et ëm Fäll vu Flüchtlingen, déi an der Dublin-Prozedur* sinn, an fir déi um Verwaltungsgeriicht decidéiert gouf, dass se net dierften zu Lëtzebuerg bleiwen, esou de Jean Asselborn.

Mir hu 5 Fäll zanter 2017, wou de Riichter eng Ordonnance geholl hat, an ech, ech huelen dat op mech, hunn decidéiert, fir déi Leit net ze transferéieren. Bei deene 5, wann ech se nach richteg am Kapp hunn, si Fäll dobäi, wou mir sollten den Transfert maachen. Do war zum Beispill eng Mamm mat dräi Kanner, wou op eemol medezinesch Erkenntnisser opkomm sinn, dass een dat elo net soll maachen. Ech sinn do natierlech och vun ONGe kontaktéiert ginn. Dat geet iwwer all ONGen, d'Caritas, d'Rout Kräiz oder aner, déi sech dofir interesséieren, déi mir dat da matdeelen. Ech kann dann eng Decisioun huelen a soen "Halt, mir maachen deen Transfert elo net". Dat sinn extrem Ausnamen natierlech. D'Leit kommen dann an eng nei Prozedur eran.

Et wäre ganz individuell Decisiounen, ënnersträicht de Jean Asselborn, déi hie selwer misst huelen, wat ni einfach wär. Bei deene 5 konkrete Fäll hat den Ausseministère jo ufanks selwer en Transfert festgehalen an eben eréischt duerno eng aner Decisioun geholl. Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar versteet d'Schwieregkeet, kritiséiert de Minister awer och:

Fir eis ass dat trotzdeem e bëssen apaart, dass de Minister am Fong op eng Decisioun zeréckkënnt, déi hie selwer geholl hat, déi hien natierlech mat verschiddenen Argumenter a verschiddene Fäll motivéiert.

Dëst Joer huet den Ausseministère 14 Prozent vun den Dublin-Fäll net zeréck transferéiert. Dat sinn 90 konkret Fäll. D'Decisioune wären do nom Critère vun der Vulnerabilitéit geholl ginn. Dacks wären et Fäll gewiescht, déi een net wollt zeréck an Italien schécken, well déi politesch Situatioun fir déi concernéiert Mënschen do immens defavorabel gewiescht wär, esou den Jean Asselborn nach.

*Mam Begrëff ''Dublin-Prozedur'' gi jo aus Lëtzebuerger Siicht déi Fäll vu Leit verstanen, déi d'Prozedur fir eng Asyl-Demande an engem anere Land ofbriechen, oder deboutéiert goufen, an dann an de Grand-Duché kommen.

Bis de Mount September hunn dëst Joer 1.536 Leit bei der Immigratiouns- Direktioun eng Demande agereecht, fir als Flüchtling dierfen am Land ze bleiwen. Un éischter Stell (27,3%) handelt sech ëm Eriträer. 12,8 % si Syrer a knapp 8% Leit aus dem Afghanistan. 546 Mënsche kruten e Statut unerkannt an dierfe bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO