Grippesaison94.100 Impfdosisse goufe bestallt, zejoert just 2 Fäll vu Grippeviren nogewisen

RTL Lëtzebuerg
Fir déi nächst Grippesaison, déi virun der Dier steet, hunn d'Apdikten am ganze 94.100 Impfdosisse géint d'Gripp bestallt.

Dat geet aus der Äntwert vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vum Mars di Bartolomeo ervir.

De Pharmakonzern Glaxosmith-Kline hätt och schonn annoncéiert, dem Grand-Duché, bei Bedarf, zousätzlech Dosissen ze liwweren. Zejoert goufe quasi keng Grippeninfektiounen hei am Land detektéiert.

Vu 4.725 Ofstrécher, déi an der leschter Grippesaison wärend der Pandemie gemaach goufen, konnten nëmmen an zwee Fäll Grippeviren nogewise ginn.

Back to Top
CIM LOGO