Stauséi-Regioun9 Leit haten Droge bei sech, 90 Protokoller fir ë.a. Falschparker

RTL Lëtzebuerg
E Freideg war d'Police mat 2 Drogenhënn ronderëm de Stauséi ënnerwee. Bei dësem gréisseren Asaz goufen 9 Persounen ermëttelt, déi Droge bei sech haten.
© RTL-Archiv

Dobäi goufen och dräi Persoune protokolléiert, well si géint d'Drénkwaasserschutzgesetz verstouss hunn.

90 Leit kruten e Protokoll, well si sech net un de Code de la Route gehalen hunn. An deene meeschte Fäll waren d'Gefierer falsch geparkt, obwuel zu Ënsber oder Lëlz nach genuch Parkplaze fräi waren.

Back to Top
CIM LOGO