
Eng al Epicerie gouf renovéiert, fir dës Studioen ze schafen. D'Gemeng stellt der Uni d'Wunnengen zur Verfügung, déi dann d'Gestioun iwwerhëlt, esou den Diddelenger LSAP Deputé-Maire Dan Biancalana:
Normalerweis daueren esou Fuerschungsprojete jo eng Rei Joren, dräi-véier Joer, an déi Zäit wäerten déi Fuerscher deementspriechend hei sinn, bis dann neier erëm hei anzéien, fir nei Fuerschungsprojeten."
De Projet wier een Deel de Beméiunge vun der Gemeng, méi Logement ze schafen, esou den Dan Biancalana nach weider. D'Gemeng stellt och scho 14 Wunnenge fir Studente vun der Uni Lëtzebuerg zur Verfügung.