Den Täter- ee Mann vun 82 Joer - ass verhaft ginn, et war an der Géigend bekannt, dass hie vill Ëmgang mat Waffen hat
Schëss sinn dëse Weekend bei engem Sträit zu Näertrech op der Hekt gefall. Den Täter an d'Affer hu sech kannt a waren esouguer Noperen. De Proprietär war bei de Locataire schelle gaangen, fir e Problem ze klären, wouropshin déi zwee sech an d'Hoer kritt hunn.
„Zum Sträit koum et e Samschdeg de Muere géint 8 Auer. Et sollt am Fong just e simpelt Schlass ausgewiesselt ginn. De Locataire am Haus, en 82 Joer alen Här, wollt dat awer net an huet kuerz dorop op de Proprietär geschoss. De Gesondheetszoustand soll stabil sinn.“
Nom Virfall gouf den 48 Joer ale Mann direkt an d'Spidol bruecht, wou en dunn och huet missen operéiert ginn. De Schoss goung an déi lénk Schëller.
Den Täter, deen eréischt viru 4 Joer op Näertrech geplënnert ass, ass sengen alen Noperen zu Wäicherdang ni als aggressiv oder streidereg opgefall. Seng Virléift fir Schosswaffe wier awer näischt Neies.
Beim Duerchsiche vum Haus war eng gréisser Zuel u Waffe matgeholl ginn. Eng Enquête wéinst versichtem Mord gouf an d'Weeër geleet.