Uerteel 12. Dezember76 Joer ale Mann war no Accident a Waschanlag gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Wéinst engem Accident mat déidleche Suitten an der Waschanlag vun enger Bensinsstatioun zu Kietscht goufe Geldstrofe fir 2 Firmaen gefuerdert.
© Archivfoto

Fir eng drëtt Firma gouf de Fräisproch gefuerdert.

E 76 Joer ale Mann war am Mee 2015 mat sengem Auto an d'Waschanlag eragefuer, dunn erausgaangen, fir d'Maschinn ze starten, fir dono awer nees bei säi Won zréckzegoen.

Den Ongléckleche gouf doropshin tëscht dem Wäschportal a sengem Gefier ageklemmt a sou uerg blesséiert, dass hien nëmme Stonnen drop gestuerwe war.

D'Uerteel ass fir den 12. Dezember.

Back to Top
CIM LOGO