
Am Lokalen huet et e Méindeg den Owend an der Uelzecht-Strooss zu Esch an engem Wunngebai gedämpt. Déi lokal Pompjeeën, wéi och déi vu Käerjeng, Käl a Schëffleng waren op der Plaz. Am Bulletin vum CGDIS steet, dass kee blesséiert gi wier.
Zu Esch an zu Diddeleng goufen et jeeweils zwee méi kleng Vegetatiounsbränn, an Dreck, respektiv eng Poubelle huet e Méindeg den Owend zu Betteng-un-der-Mess an zu Rëmeleng gebrannt, wat allkéiers och e Pompjeesasaz mat sech bruecht huet.
Géint 22.30 Auer gouf et nach en Accident op der A3 bei der Aire de Berchem. 2 Autoe waren hei net laanschtenee komm. Et blouf beim Materialschued.
En Dënschdeg de Moien huet zu Esch an der Rue Jean-Pierre Bausch Gestrëpp gebrannt an um CR310 tëscht Bungeref a Bungeref/Millen hunn d'Pompjeeë wéinst engem Trakter a Brand missen intervenéieren. Op béide Plaze gouf kee verwonnt.