Coronavirus zu Lëtzebuerg64 nei Fäll bei 5.521 Tester, Zuel vun Doudesaffer onverännert

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 122 bliwwen ass.
© AFP

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 64 positiv geteste Patienten, 55 vun hinne si Residenten. Dat fir den 12. August. Et goufe 5.521 Tester gemaach.

Dat sinn elo am Ganze 7.368 positiv Fäll.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 667.333 Tester gemaach.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 832 aktiv Infektioune ginn a 6.414 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 38 (-6) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 1 (-2) Patiente dovunner sinn op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,72. Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier vum 13.8.2020

Back to Top
CIM LOGO