
Am Ganze hunn 227 Chauffere tëscht 20 an 22.30 Auer missen en Alkoholtest maachen, och wann et am Virfeld keng Indice goufen, dass se eppes gedronk hätten.
A 6 Fäll war den Test positiv, déi och all e Protokoll kruten, respektiv mat juristesche Suitte musse rechnen. Vun deene 6 hunn der 3 missen hire Permis ofginn.