Coronavirus zu Lëtzebuerg53 Nei-Infektioune bei 7.319 Tester

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 118 bliwwen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 53 positiv geteste Patienten, 49 vun hinne si Residenten. Dat fir den 3. August. Et goufen 7.319 Tester gemaach.

Dat sinn elo am Ganze 6.917 positiv Fäll.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 604.696 Tester gemaach.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO