Uechtert d'Land5 Blesséierter bei enger Partie Accidenter um Donneschdeg

RTL Lëtzebuerg
Um Briddel an der Lëtzebuerger Strooss koum et géint 11.20 zu engem Verkéiersongléck, bei deem 1 Persoun verwonnt gouf.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Koplescht an d'Ambulanz aus der Stad.

Zu Allerbuer op der Feitsch krut en Donneschdeg ëm 11.30 Auer e Camion en Auto ze paken. De Bilan ass hei 1 Blesséierten. Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Klierf, Ëlwen, Wëntger, de Samu an d'Ambulanz vu Wolz.

1 Verwonnte gouf et bei engem Verkéiersongléck zu Bouneweg am Parking Rocade. D'Stater Ambulanz a Pompjeeë ware sur place.

Eng Kollisioun tëscht 2 Gefierer gouf et géint 15.35 Auer zu Reckeng op der Mess. Och hei gouf 1 Persoun blesséiert. D'Monnerecher Pompjeeën an d'Beetebuerger Ambulanz waren op der Plaz.

Geknuppt hat et och zu Eschduerf/Katrewang - hei sinn 2 Autoen net laanschtenee komm. 1 Blesséierten ass hei de Bilan.

D'Pompjeeën hunn an der Mëttesstonn och zu Trënteng missen agräifen. Do hat eng Kiche Feier gefaangen.

Back to Top
CIM LOGO