
An der Hellengerstrooss zu Krautem waren e Freideg den Owend Onbekannter iwwert eng Kellerfënster an d'Gebai agedrongen an hunn dat ganzt Haus no Wäertsaachen duerchsicht. Eréischt wéi d'Leit, déi do wunnen, heem koumen, ass opgefall datt agebrach gouf. Si hunn d'Police kontaktéiert.
An der Nuecht op e Samschdeg ass géint 4.45 Auer an e Brëllebuttek an der Uelzechtstrooss zu Esch agebrach an ass mat enger jett Brëller, déi hie geklaut huet, a Richtung Rue du Canal fortgelaf. Trotzt enger gréisserer Sichaktioun konnt den Abriecher net ermëttelt ginn.
Da waren onéierlecher nach e Samschdeg de Mëtteg zu Kauneref "Am Enneschtduerf" aktiv, hei hate se d'Hausdier opgebrach, fir eranzekommen. An an der Rue de la Minière zu Rodange ware se an der Nuecht op e Sonndeg iwwert eng Daachfënster an d'Haus geklommen. E weidere Abroch gouf et e Sonndeg den Owend zu Bierchem an der Grand-Rue.
D'Täter hunn haaptsächlech Suen a Bijoue geklaut. An engem Fall, gouf och e Computer matgeholl. D'Affer hu Plainte gemaach an d'Beamte vun der Spueresécherung waren all Kéiers op der Plaz.