
Dobäi goufe 490 Automobiliste kontrolléiert, an 12 Fäll war d'Resultat vum Alkoholtest iwwer 0,5 Promill, ma et huet direkt kee Permis missten agezu ginn.
De Permis agezunn huet d'Police dunn op der A1 Richtung Tréier. Hei hat eng Automobilistin si am Tunnel Cents mat héijer Vitess iwwerholl. D'Patrull huet d'Poursuitte opgeholl, well d'Fra am Ufank net méi lues gemaach huet. D'Gefier konnt dunn awer ugehale ginn an d'Automobilistin gouf kontrolléiert. Dobäi koum eraus, datt si däitlech ze vill gedronk hat. Si krut de Permis ofgeholl an de Parquet huet hiren Auto saiséiere gelooss.
Net ze séier, mä vill ze lues war en Automobilist e Samschdeg de Moie géint 6 Auer zu Esch um Boulevard Kennedy ënnerwee. Wéi de Chauffer dunn d'Police gesinn huet, huet de Mann emol dru geduecht, fir sech unzestrécken. D'Police huet de Mann an d'Gefier du kontrolléiert an dobäi koum eraus, datt d'Pabeiere vum Gefier net an der Rei waren an dat de Mann ze vill gedronk hat. De Permis gouf agezunn a wéinst den anere Saache gouf hien och nach protokolléiert.