Preventiv Kontroll vun der Police46 Camper a Roulotten kontrolléiert, 10 waren iwwerlueden

RTL Lëtzebuerg
Den 2. Juli 2021 konnt een zu Bartreng säi Gefier gratis virun der Vakanz kontrolléiere loossen.

Am Ganze goufen 39 Camper a 7 Roulotte bei dëser Aktioun kontrolléier. An 10 Fäll waren d'Gefierer iwwerlueden. De But vun dëser Aktioun war et Accidenter an Zesummenhang mat Iwwerluedung z'evitéieren, respektiv dorobber opmierksam maachen. Niewent ze vill Gewiicht u Bord, ass dacks och d'Charge net richteg festgemaach. Dëst kann am schlëmmste Fall souguer liewensgeféierlech ginn.

Niewent dem Gewiicht vum Gefier, konnt een dann och seng Maximalhéicht vu sengem Camper oder senger Roulotte moosse loossen, respektiv Informatiounen iwwert d'Séchere vun enger Charge, Pneuen, Pabeieren...etc. kréien.

Back to Top
CIM LOGO