Oppene Bréif400 Organisatioune fuerdere radikal Reform vun europäescher Agrarpolitik

RTL Lëtzebuerg
Den oppene Bréif, deen un déi däitsch Landwirtschaftsministesch geriicht ass, huet och déi Lëtzebuerger Plattform "Meng Landwirtschaft" ënnerschriwwen.
Opene Bréif
400 Organisatioune fuerdere radikal Reform vun europäescher Agrarpolitik

Zu Koblenz komme vun e Sonndeg un d'EU-Agrarministeren, ënnert der däitscher EU-Presidence beieneen, fir iwwer d'Reform vun der europäescher Subventiounspolitik ze diskutéieren. Schonn zanter 2018 huet d'EU-Kommissioun eng Reform vun der GAP, der „gemeinsamer europäescher Agrarpolitik“ virgesinn. Den Natur- a Klimaschutz, ma och d'Qualitéit vun den Liewensmëttel sollen dobäi am Fokus stoen. D'Negociatioune kommen awer kaum virun, well et virun allem ëm d'Finanzéierung an d'Verdeelung vun de Subventioune geet. Dofir soll den aktuellen GAP bis 2023 mol verlängert ginn, wat de Baueren d'Méiglechkeet gëtt sech z'organiséieren.

Mat iwwer 58 Milliarden Euro pro Joer, ass d'Landwirtschaft mat Ofstand de gréissten Ausgab am EU-Budget. De gréissten Deel dovunner geet direkt un d'Baueren, déi Suen fir d'Gréisst vun der Fläch kréien, déi si bewirtschaften – bis ewell nach ouni Konditiounen. Am Kader vun der EU hirem Green Deal, soll dëst an Zukunft natierlech un méi nohalteg Critèren geknäppt ginn.

Eng 400 zivilgesellschaftlech Organisatiounen aus 12 EU-Memberstaaten hu sech an engem oppene Bréif un déi däitsch Landwirtschaftsministesch Julia Klöckner adresséiert. Däitschland huet jo d’EU-Presidence fir d’Reform vun der Gemeinsamer Agrarpolitik iwwerholl. Am Bréif gëtt elo eng radikal Reform gefuerdert. Mat dobäi ass och déi Lëtzebuerger Plattform "Meng Landwirtschaft", déi sech aus 22 Organisatiounen hei am Land zesummesetzt.
D’Agrarpolitik mécht iwwer 1/3 vum EU-Budget aus. D’Reform géing elo eng Chance bidden, fir den Alimentatiounssystem méi nohalteg ze konzipéieren. Dofir wier et elo un der Zäit fir eng radikal Verännerung, mengt de Mathieu Wittmann vun Natur an Ëmwelt.

"Et géing net duer goen, fir d’Symptomer ze behandelen oder e puer Upassungen ze maachen, et misste grondsätzlech Verännerunge virgeholl ginn. D'Natur misst deemno vill méi konsequent geschützt ginn, wéi och d’Ökosystemer. D’Sue misste méi gerecht verdeelt ginn, esou datt och kleng a mëttel-grouss Betriber eng Chance hätte par rapport zu deenen, déi schonns méi grouss sinn."

Vill kleng Betriber kéinten a Saache Produktivitéit net méi mathalen – och dorunner misst sech eppes änneren. D’Betriber sollten net méi op d’Gréisst vun hirem Terrain reduzéiert ginn.

"D’Bauere misste fir déi Saache belount ginn, déi och fir d’Ëffentlechkeet immens wichteg sinn, notamment den Natur- an de Klimaschutz, wéi och d’Biodiversitéit. Do bräicht ee méi finanziell Subventiounen, fir d’Bauere bei der Transitioun op engem méi nohaltegen Agrarsystem ze ënnerstëtzen."

Déi aktuell Agrarpolitik an déi héich Liewensmëttel-Produktioun géing de Buedem an d’Biodiversitéit zerstéieren. Déi 60 Milliarden Euro vum Budget missten agesat ginn, fir déi nees ze stäerken, esou nach de Mathieu Wittmann.

"Dat wiere Fuerderungen, déi si schonns vun Ufank u gehat hätten: Mir bräichte méi Plaz fir d’Natur. Deemno sollt e Betrib belount gi fir en Deel vum Terrain. Zum Beispill 10-14% net ze benotzen an einfach stoen ze loossen, fir datt d’Insekten an d’Vigel nees do liewe kéinten."

Zu Koblenz sinn um Sonndeg an deem Kader dann och Demonstratioune geplangt. Verschidden däitsch Organisatioune wäerten do stellvertriedend fir déi 400 Partner op d’Strooss goen.

Back to Top
CIM LOGO