Coronavirus zu Lëtzebuerg40 nei confirméiert Fäll, dovun 33 Residenten a 7 Non-Residenten

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 119 bliwwen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 40 positiv geteste Patienten, 33 vun hinne si Residenten. Dat fir de 6. August. Et goufen 5.978 Tester gemaach.

Dat sinn elo am Ganze 7.113 positiv Fäll.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 631.466 Tester gemaach.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 1.146 aktiv Infektioune ginn a 5.848 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 48 (-3) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 6 (-3) Patiente dovunner sinn op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,80. Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier (7.8.2020)

Back to Top
CIM LOGO