Coronavirus zu Lëtzebuerg4 weider Mënsche gestuerwen, 7.376 Tester mat 143 positiv, 362 Leit geimpft

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 549 läit.
© RTL

Aktuell sinn 89 Patienten hospitaliséiert, dovunner 21 (-2) op der Intensivstatioun.

Et ass déi éischte Kéier, datt eng Persoun ënner 30 Joer gestuerwen ass.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,86. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

Den 14. Januar goufe 362 Persounen zu Lëtzebuerg geimpft. Am Ganze sinn dat elo 3.233 Leit, déi hir Piqûre kruten.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO