Police4 positiv Alkoholtester, 3 Permisen agezunn

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, goufen e Sonndeg tëscht 19 an 23 Auer véier Automobiliste protokolléiert, well d'Alkoholtester positiv ausgefall waren.
© RTL Archiv

D'Chauffere waren duerch hir opfälleg Fuerweisen opgefall a goufe kontrolléiert. Dëst zu Hamm, an der Schleef, zu Miersch an zu Bilschdref. An dräi Fäll huet souguer missen de Permis agezu ginn.

Back to Top
CIM LOGO