
An der Kräizung CR332E mat der N18 hat en Automobilist éischten Informatiounen no wuel d'Virfaart net respektéiert a krut een anere Won ze paken.
Am Auto, deen op der N18 gefuer ass, souze 4 Leit, eng Koppel mat hiren 2 Kanner. Ee Kand koum zesumme mat senger Mamm mam Rettungshelikopter an d'Spidol. De Papp an dat zweet Kand si mat der Ambulanz transportéiert ginn.
D'Automobilistin, déi vun der CR332E a Richtung Boxer fuere wollt, gouf net vrewonnt, hat awer e Schock.
Kee vun den Affer hat liewensgeféierlech Verletzungen, wéi d'Police präziséiert. Et gouf protokolléiert.
2 Rettungshelikoptere waren op der Plaz.