
Et ass kengem eppes geschitt. D'Pompjeeë vu Luerenzweiler a Lëntgen, respektiv déi vun Nidderaanwen a Lëntgen ware bei den 2 Bränn am Asaz.
Wéi d'Police schreift, si wuel 4 Jugendlecher Schold um Feier zu Luerenzweiler. Si haten am "Fautefiels" iwwernuecht a sech do och e Lagerfeier gemaach. Eegenen Aussoen no hätte se dat awer an der Nuecht ausgemaach. Um Sonndeg de Moien ass et awer nees vum selwen ugaangen. Déi 4 Persoune goufe protokolléiert.
E Samschdeg den Owend schonn hat zu Dummeldeng e Gaardenhaischen gebrannt, och do war kengem Mënsch eppes geschitt.