
Um 18 Auer war op der A3 Richtung Lëtzebuerg an der Bretelle fir op d'A13 en Auto accidentéiert.
Géint 19.30 Auer huet et zu Péiteng an der rue Robert Krieps gerabbelt, a géint 1.44 Auer huet et an der rue de l'église geknuppt.
Géint 4.20 Auer um Méindeg de Moien ass en Auto op der Diddelenger Autobunn Direktioun Metz, op der Héicht vun der Aire de Berchem accidentéiert.
Bei allen Accidenter gouf wéi gesot 1 Persoun blesséiert.