Police4 Abréch um Samschdeg

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et zanter e Samschdeg zu e puer Abréch uechtert d'Land.
© RTL Archivbild

E Samschdeg krut d'Police am Nomëtteg en Abroch zu Munneref gemellt. Onbekannt Täter waren duerch eng Fënster an d'Haus geklommen. D'Ermëttlunge lafen.

Um Owend gouf et nach en Abroch an en Eefamilljenhaus zu Ierpeldeng an ee weideren um Lampertsbierg an een zu Hollerech.
An deem Kader huet d'Police nach emol den Appell gemaach, dass ee sech op hirer Internetsäit kann informéieren, wéi ee sech am beschte géint Abriecher schützt.

Back to Top
CIM LOGO