Rieds geet vu 4.600 Dosissen, fir also 2.300 Persounen, déi elo net direkt kéinte geliwwert ginn. Wéi et heescht soll dee Retard awer Mëtt Februar rattrapéiert ginn, sou dass de Grand-Duché, wéi virgesinn, bis Enn Mäerz déi insgesamt 78.000 bestallten Impfdosisse vu Biontech/Pfizer geliwwert soll kréien. Datt ee mat enger Ampull elo 6 amplaz just 5 Dosisse ka verginn, ännert näischt un der Gesamtunzuel un Dosissen, déi de Grand-Duché zegutt huet. De Kontrakt baséiert nämlech net op der Unzuel vun de Flaconen, mee ebe méiglechen Dosissen.
Fir 6 Dosisse kënnen erauszekréien, hu missen nei Sprëtze bestallt ginn, där hätt een elo genuch op Stock, an Zuelen eng 100.000 Stéck. Déi "al" Piqûrë wieren awer net verluer, mee kéinte wuel fir aner Vaccine gebraucht ginn.
Wat d’Opdeelung vun den Impfdosissen zu Lëtzebuerg ubelaangt, ass et esou, dass en Deel un d’Spideeler geet - d'lescht Woch 1.950, dës Woch nach emol 1.950 - e weideren Deel un d’Equipes mobiles fir an den Altersheemer an de Rescht bleift am Centre de vaccination um Lampertsbierg. Et ass esou, dass d’Leit aktuell eréischt an den Impfzenter invitéiert ginn, wann d’Impfstoffer zu Lëtzebuerg ukomm sinn. Dofir kann et sinn, dass 10 bis 14 Deeg tëscht der Liwwerung an der Sprëtz, déi gemaach gëtt, verginn. Soubal e Vaccin ukënnt, gi jee zwou Dosisse pro Persoun, déi soll geimpft ginn, virtuell reservéiert, fir ze garantéieren, dass och de Rappell vun der Impfung ka gemaach ginn.
Am Impfzenter an der Victor-Hugo-Hal kéinten theoretesch a 16 Filë 1.500 bis 1.600 Leit den Dag geimpft ginn. Aktuell sinn awer just 4 Filen op an et gi 400 bis 500 Leit hei geimpft, well nach net därmoosse vill Impfstoffer do sinn. Soulaang den Impfzenter um Lampertsbierg net ausgeschöpft ass, ginn déi aner Centres de vaccination (Esch, Air Rescue, Ettelbréck, Munneref) nach net op. Se sinn awer all bis spéitstens Enn Februar operationell.
Moderna soll bis Enn Mäerz 8.400 Impfdosisse fir 4.200 Persounen op Lëtzebuerg liwweren.
Et ass den Dokter, deen entscheet, wie wéi ee Vaccin kritt. Et ass och de Médecin référant, dee zertifiéiert, opgrond vun enger Lëscht vu Krankheeten an dem Patient sengem Zoustand, ob eng Persoun zur Kategorie vun de vulnerabele Leit gehéiert.
E Fall wéi an Norwegen, wou 23 eeler Persounen anscheinend no enger Impfung gestuerwe sinn, ass zu Lëtzebuerg net bekannt. D’Autoritéite ware mat Norwegen a Kontakt a krute gesot, et wieren zum Deel Palliativ-Patiente gewiescht an et géif ee beim Doud net vun engem Lien mam Vaccin ausgoen.
Rappell nach emol: An den Altersheemer läit den Taux d’adhérance vum Impfe bei 83%. An de Spideeler wéisst een dëst net, bis d'Klinicke géife soen, dass se keng Impfdosisse méi brauchen, well kee méi misst/wéilt geimpft ginn.
