"Save Wildlife in Australia"30 vollgepaakte Këschte fir d'Déieren an Australien

Christophe Hochard
Déi uerg Bëschbränn an Australien an dat grousst Déiere-Leed huet och d'Leit hei zu Lëtzebuerg staark beréiert.
30 vollgepaakte Këschte fir d'Déieren an Asutralien
Déi uerg Bëschbränn an Australien an dat grousst Déiere-Leed huet och d'Leit hei zu Lëtzebuerg staark beréiert.

Wéi kann ech hëllefen, huet sech och d'Carine Schuler vun Uespelt gefrot an decidéiert, zesumme mat Frënn fir déi wëll Déieren an Australien ze bitzen an ze heekelen. No iwwer 3 Woche gëtt elo an Australien ausgeliwwert.

D'Garage vum Carine Schuler gouf déi leschte Wochen zum Bitzatelier ëmfunktionéiert. Do wou soss den Auto geparkt steet, stapele sech Këschten an Tuten. Dausende vu Leit hunn an deene leschten 3 Woche geheekelt, gebitzt a gestréckt. Duerch déi schlëmm Bëschbränn um australesche Kontinent sinn nämlech vill Déieren a Gefor. Vu Känguru bis Koala.

9 Damme waren e Sonndeg Nomëtteg zu Uespelt beim Carine am Asaz. An entspaanter Atmosphär gouf geschafft. Et heescht, alles gutt ze verpaken an ze beschrëften. Aus dem klenge Lëtzebuerg ginn nämlech eng ronn 30 vollgepaakte Këschten an Australien. Méi genee op Brisbane bei d'Associatioun "The Rescue Collective". Et ass eng logistesch Erausfuerderung.

"Save Wildlife in Australia" nennt sech de Grupp, dee vum Carine Schuler gegrënnt gouf. Eng Aktioun, déi sengesgläiche sicht.

Hëllef kënnt aus ville Länner. Vu Spuenien, iwwer Holland bis Polen. Eng 500 Sammelstelle ginn et an Australien. Eng gëtt deemnächst vu Lëtzebuerg aus mat iwwer 1.200 Objete fir Déiere beliwwert.

Back to Top
CIM LOGO