
Aktuell si 65 (+2) Patienten hospitaliséiert, dovunner 12 (-2) op der Intensivstatioun.
En Donneschdeg goufen iwwerdeems 781 éischt Dosissen an 141 zweet Dosisse vum Vaccin gesprëtzt. Am Ganze sinn dat elo 11.373 Dosissen.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,08. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.