
Aktuell sinn 88 Patienten hospitaliséiert, dovunner 20 op der Intensivstatioun.
E Méindeg kruten iwwerdeems 367 Persounen hir 1. Dosis vum Vaccin a 447 Leit hir 2. Dosis. Am ganze sinn dat elo 4.569 Persounen, déi geimpft goufen.
An hirem Rapport journalier deelt d'Santé mat, dass et den Ament nach 2.364 aktiv Infektioune ginn. 46.051 Persoune gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,94. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.