Lasauvage3 Garagë stoungen um Méindeg de Moien a Flamen

RTL Lëtzebuerg
D'Pompjeeë goufen op Zowaasch geruff, nodeems géint 6.25 Auer eng gréisser Dampentwécklung gemellt gouf.
2 Garagen a Brand zu Zowaasch
Onkommentéiert Bildmaterial.

Wéi d'Pompjeeën op d'Plaz an der rue Principale komm sinn, hu se gesinn, dass 3 Garagen hei gebrannt hunn. An enger Garage stoung en Auto, an där anerer waren Autosdeeler, Gasfläschen a soss anert Geschier. Kuerz no 8 Auer koum d'Entwarnung, dass d'Feier geläscht wier.

Well Brandstëftung net kann ausgeschloss ginn, gouf eng Enquête an d'Weeër geleet.

Am Asaz waren d'Pompjeeën an d'Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng.

Géint 6.40 Auer gouf et en Accident tëscht Fluessweiler an Dräibuer. Hei war en Auto op der Kopp gelant. Eng Persoun gouf blesséiert. D'Ambulanz vu Mäertert an d'Pompjeeë vu Fluessweiler waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO