Police-Bulletin3 Chaufferen ënner Drogen- oder Alkoholafloss ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
D'Police hat an der Nuecht op e Freideg nees mat Leit ze dinn, déi ze vill gedronk haten oder Droge konsuméiert hunn.
© AFP

An der Stad ass an der Nuecht vun en Donneschden op e Freideg kuerz virun Hallefnuecht enger Policepatrull, déi zu Fouss ënnerwee war, en Auto opgefall, deen an der Foussgängerzon ënnerwee war. Wéi d'Beamten de Chauffer kontrolléiert hunn, koum hinnen de Geroch vu Marihuana aus dem Auto entgéint. En Drogeschnelltest wier positiv gewiescht, et wier eng Bluttprouf ordonéiert ginn a Plainte géint de Chauffer gemaach ginn.

Géint 1.50 Auer an der Nuecht ass zu Stroossen an der Areler Strooss eng Autofuererin opgefall, well si engem anere Chauffer op deem senger Säit entgéintkoum. Kuerz drop wier si stoe bliwwen, de Chauffer vum anere Gefier wier du bei hiren Auto komm an hätt versicht, si dovun ofzehalen, weiderzefueren, bis d'Police do war. D'Police hätt bei der Kontroll festgestallt, datt d'Fra hannert dem Steier staark alkoholiséiert war, den deementspriechenden Test war och positiv. D'Fra krut hire Führerschäin ofgeholl an e provisorescht Fuerverbuet. Iwwerdeems huet d'Police festgestallt, datt op der Säit vum Bäifuerer de Pneu vun der Felg fortstoung. Wéi d'Enquête gewisen hätt, wier d'Fra tëschent Bartreng a Stroossen op der Autobunnsbréck an den Trottoir an an d'Leitplank gerannt, hätt dunn am Zick-Zack nach eng aner Mauer ze pake kritt a wier zum Schluss op där Plaz hale bliwwen, op där d'Police si ugetraff huet.

Am Zick-Zack war och en Autoschauffer am Pommerlach géint 4.30 Auer moies ënnerwee, aus der Belsch a Richtung Schumann. D'Police hätt bei der Kontroll festgestallt, datt de Chauffer ze déif an d'Glas gekuckt huet. Wéi sech erausgestallt hätt, wier hie bei engem Busarrêt virun engem Rond-point op en Trottoir geroden, hätt e Stroosseschëld matgeholl a wier du weider gefuer. Hie krut de Führerschäi fortgeholl an e Fuerverbuet.

Back to Top
CIM LOGO